Ech hun den Kanner aus dem Fraenhaus hannen an hierem Haff Spiller gemolt wei mir se schon emmer gespillt hun. Sie waren begeeschtert, an zu mengem Erstaunen hun souguer verschiddener dei Spiller, dei ech mat Kreid um Buerdem gezeechent hun, net kannt. Mettlerweil froen sie emmer rem vir dat Spill mat der Kreid ze molen an ze spillen. Sou einfach as dat...
Dobei geseit et och nach dekorativ an schein aus, an mecht den Haff weinigstens vir puer Stonnen mei lierweg. Ausserdem hun ech mat den Kanner den Agang nei dekoreiert...sie hun dono gesot et wier ganz schein esou, an bis elo henken och nach all Buchstawen an Figuren sou un der Dier wei ech se opgehang hun, an Planzen hun och nach weider keen Schued gedroen :) ...
Seit ongefeier enger Woch probeieren ech mat den Kanner nom Mettegiessen en bessen eraus ze goen an mat hinnen Spiller ze spillen. Virun allem Spiller wou sie an Gruppen spillen mussen, an awa och geinteneen spillen sollen. Et as wichteg dass sie leieren zesummen zehalen, an och dass sie sech drun gin vir als Grupp besser ze sin wei dei anner, an ze gewannen.
Virun allem awa hun ech dest ungefang, well Kanner ganz selten eraus kommen, an ech mengen dass sie sech och mol austoben mussen an hier Energie mussen rauslossen. Desst as am Fraenhaus leider nemen schweier meigleg. ...No dessen Spiller, wou sie normalerweis vill an Bewegung sin, sin sie ausgepowert an mei roueg an ausgeglach vir duerno hier Hausaufgaben ze machen, wat bis lo een schweiert an heikelt Thema hei as.
Allerdengs fannen ech et och wichteg, dass Kanner dobausen kennen spillen wat sie wellen... Sou war ech also och mol mat hinnen raus an hun sie gewaerden gelos. Sie hun zesummen gespillt oder och alleng, sin iwer Wiss gelaf, hun Kopalabunz geschloen oder sech einfach iwer d'Wiss gerullt. Sin Gerüst eropgeklom an erem erof, mol net hun sie gemeckert dass keng Schaukel mei do henkt wou wahrscheinlech mol eng war... Alles dat ouni ze streiden, ze schloen oder ze klapen... wat dobannen eigentlech bei all Spill de Fall as, leider...
...Oft wann Kanner nei an Casita (Fraenhaus) kommen, gin sie dei eicht Deeg, oder Wochen net an Schoul. Dat henkt emmer of vun wou sie kommen, an wei komplizeiert den Fall vun all Kand as.... Vir dass sie an daer Zeit awa och weider schoulesch eppes zedin hun, liesen mir mat hinnen Bicher. Sie wieselen sech of an lauschteren een deem aneren no. Heiansdo schreiwen sie dann en klengen Resume vun der Geschicht dei sie zesummen gelies hun. Am Nometten wann dei anner Kanner Hausafgaben machen, kreien dess Kanner dann vun eis hierem Schoulniveau ungepasst Hausaufgaben dei sie zesummen mat den aneren Kanner machen.