An nach bessen Letzebuerg... Nodeems ech mat den Kanner Letzeboier Land gezeechent, ausgeschnidden an gemolt hun, hun mir elo en Plakat mam Letzeboier Fendel gemolt. Emmer erem hun sie mech Sachen gefrot, dat as dein Land, Letebuerg an dat as den Fendel...? Et war flott. Molen, an bastelen sin emmer Aktiviteiten wou gudd unkommen :) An en bessen Letzebuerg heiansdo deed och nawel gudd :)
Zesummen mat den Länner dei mir ausgeschnidden hun, an mat Biller vun Letzebuerg iwer Traditiounen, Landschaften an PLatzen an Letzeboier Spezialiteiten as doraus een Plakat iwer Letzebuerg gin :)
Ech muss mech an enger vun den nexten groussen Versammlungen dem Personal vun der Fundacioun Cristo Vive Peru virstellen. Um Plakat vun den Kanner kreien sie dann en Iwerbleck iwer Letzebuerg. Enner anerem waert ech hinnen vun Peppeng, menger Famil, Frenn an menger Arbescht zielen. An natierlech net ze vergiessen vun den Nitien :) Dorun hun sie grousst Interesse.
Economia de fichas Zesummen mat den Psychologuen vun der Fundacioun hun mir en Plang erstallt vir eng Verhalentsännerung bei de Kanner ervirzerufen. Dobei stin dei verschidden Themen am Virdergrond, dei den Haptproblem am Fraenhaus duerstellen. "Hausaufgaben man, Hänn wäschen, gudd iessen, Zemmer an der Reih halen an Respekt.
Vir dei ennerschiddlech Aufgaben kreien sie Punkten vun 0-2 demno wei sie Aufgab erfellt hun. Desst gett no festgelueschten Kriteren bewärt. Ausserdem kreien sie vir all Aufgab kleng Figuren, dess stellen d'Aufgab duer. Emmer dei Unzuel wou sie Punkten hun. Eng Sonn vir Hausaufgaben Eng Dreps Wasser vir Hänn wäschen En Apel vir gudd Iessen En Haus vir Zemmer an der Reih halen An en Hearz vir Respekt. Dess halen sie eng ganz Woch, an sollen sou leieren Responsabiliteit vir hier Sachen ze iwerhuelen. Sonnden gin sie Sachen dann erem of wann eng nei Woch unfenkt.
Op engem groussen Plang stin all Kanner an Aufgaben, an all Dag gin mat hinnen Punkten opgehang dei sie sech deen Dag verdengt hun, an kreien hier Symboler. Zum Schluss vun der Woch gett den Total gerechent.
Natierlech gin Kanner vir hiert gudd Behuelen an Beileieren belount. Et gin ennerschiddlech Belounungen. Belounungen vun 1-2 mol den Mount, dei sin mei grouss an bestin meechtens aus Ausflig wou dann dei Kanner mat den mechten Punkten belount gin. Oder och 3-4 mol an der Woch wou mir mat den Kanner eraus gin vir ongefeier 1 Ston. Mir organiseieren Spiller vir sie oder sie kennen sech bessen austoben (desst as selten am Fraenhaus) Eng aner Belounung as zum Beispill elo vir Chreschtdag, ech man mat den Kanner en Adventskalenner, an all Dag dierf dat Kand dran goen wat dei mecht Punkten huet oder sech deen dag gudd gescheckt huet. Dess Belounung as dann nemen vir een Mount. Vun Zeit zu Zeit aenneren sech dei dann. Belounungen sollen och zum greissten Deel net materiel sin. Hoffen mer et klappt :)