Ganz spontan hun mir eis en Freiden moien entscheed den Weekend op Arequipa ze fueren. Zu Cusco huet et, wei baal dauernd em dei Zeit, nemen gereent, an mir wollten nemen na fort... Also seier de Kuerf gepack an lass...
Eng Nuecht an mir sin zu Arequipa.... an dat Bescht... ouni Reen...
Eng Nuecht an mir sin zu Arequipa.... an dat Bescht... ouni Reen...
Mir sin ukomm, an hun eis direkt op Stadt gestierzt, ciudad blanco och nach... Arequipa as immens schein, kleng an weiss eben :)
Mir waren Monasterio de Santa Catalina kuken, een Klouschter. Dei wuel bekansten Sehenwürdegkeet vun Arequipa... Mir hun baal den ganzen Moien gebraucht vir alles ze gesin...as rieseggrouss an wonnerschein... an och haut wunnen hei nach emmer Nonnen.
Ausserdeem nach puer Kirchen an Stadt...
Ausserdeem nach puer Kirchen an Stadt...
Allerdengs haten mir nawel richteg Chance an hun vill Condoren gesin.
Virun allem awa war et eng genial Vue an eng super Atmosphere... Neicht ausser Landschaft souweit een kuken kann...
Mir hun ausserdeem aal Griewer un den Bierger konnten gesin. Freier sin Leit deelweis hei begruewen gin, emmer an Embrio Stellung an emmer an Richtung Osten kukend... Schon verreckt...
Eng kleng Touristen Foto muss dann leider och heiansdo sin... :)