Moien Alleguer,
Ech hun mech seit Madrid net mei gemellt war net vill Zeit sry. An och net emmer Internet.
Sou, ech sin also gudd unkomm, alles bessen caothesch… zu Lima den Flieger verpasst well mein Gepäck net komm as, neien Flug gesicht… etc.
Mee dat kent mir schon vir wei wann dat eiweg hier wier. Op allen Fall sin ech gudd zu Cusco unkomm.
Meng Wunneng as ganz ok ;)
Ech hun Fundacioun kenenngeleiert. War am oficina an am Fraenhaus, war mat an eng Reunioun op Universiteit an hat schon eng Gruppen-reunioun, hun net alles verstann mee jo.
War och mat an “casa de abuelos” och ganz schein.
Meinden fenken meng Spuenesch Couren un, dann geet dat ganzt mol bessen vierun ;)
Haut kommen och dei anner Deitsch Volontairen un…
Zu Cusco…
Et as immmennnssss Kaaaallll… brrrr mee Sonn an bloen Himmel, wierklech schein. Et as eng Stadt mat vill Armut, mee Leit sin all immens open an leif.
Nach hun ech net wierklech den Iwerbleck iwer Strossen an Orienteierung mee dat wier och ze schein wann dat sou seier geing goen.
Haut um Samchten gin ech mam Ana Maria bessen duerch Cusco hat weist mir nach Supermarcheen an sou, an dono dei Deitsch sichen ;) ech sin gespaant, an sin frou bessen Gesellschaft ze kreien.
Ech wees ech hun ierch lo hei nemen vun mir geschriwen an sou, an weineg vun Peru oder vun der Arbescht. Dat kennt no, versprach.
P.S ech hun keng Letzeboiesch Nummer mei lo während deem Joer, mee eng Peruanesch 0051945527255 : dier kennt mir mengen ech urufen mee keng Smsen schecken. Mee Internet an Skype as trotzdem emmer nach mei einfach.
Decken kuss bis geschwenn