Den 23 Dezember war den Kanner hier Chreschtfeier an der Casita. Sie haten sech all schein gemat an hun den ganzen Daag gespaant op hier Inviteen gewaard an sie Owes schlussendlech mat Freed emfang.
Sie haten dei ganz Woch dekoreiert, geback an organiseiert. An ech mengen wierklech realiseiert hun sie et dei ganz Woch net.
Den Daag as komm, an et waren net grad weineg Inviteen. Mir hun Invitatiounen geschriwen, Lescht gefouert ween sech ungemellt huet, weivill Dinde, Gemeiss, Dessert brauche mir, wat mussen mir virbereeden, an virun allem, kreien mir dei Leit all enner...
Dei grouss Iwerraschung vir Kanner an och vir Mammen war den Papa Noel... mat sengem Gesell... Während dem Iessen huet et bemol fest un Dier geklappt an den Papa Noel stoung ganz iwerraschend do... mat him den Houseker... Dessen gett et hei net, ech hat hinnen erzielt dass vir Kleeserchersdag den Houseker mam Kleeschen kennt, vir den Kanner Angscht ze man an ze kuken ween sech gescheckt huet.
Dei Idee huet hinnen gefall an sou as et dann vir Chreschtdag en Houseker mam Papa Noel gin.
Verschidden Kanner sin aus dem Staunen net mei raus komm, anerer hun sech erschreckt an ugefang mat kreischen... Allerdengs nemen soulang bis den Houseker oder den Papa Noel hieren Numm geruf huet... Vir jidereen war den Kado do deen sie sech beim Papa Noel bestallt haten...
Dei europäesch Organisatioun as hei leider net emmer sou wichteg oder sou gudd ungesin... sou koum et dass et herno vill mei Leit waren, Platz an den Pavo baal knapp waren... Ech hat dorop hingewisen dass et sou geing zu ongewenschten Situatiounen kommen, mee dat wollt keen heieren. Sou war et dass herno een Kand ouni Kado do soutz an gekrasch huet wou jidereen vum Papa Noel geruf gouf.
Leider wollt dei verantwortlech Persoun dofun och net vill wessen, sou dass et vir Kand en zimlech trauregen Moment war wou de Papa Noel als eenzegt sein Numm net geruf huet.
Et as schued dass een hei eppes organiseieren well vir den Leit eng Freed ze machen, et probeiert een un alles an jidereen ze denken... an et dann zu sou Situatioune kennt.
Duerch aer Hellef war et meiglech all den Mamen an Kanner vum Fraenhaus hieren gewenschten Kado ze kafen, souguer war et dran den typeschen Chreschtmenu ze prepareieren, zwee pavo'en (Dinde) goufen gekacht, mat Äpelkompott an Zaloten. Eng Taart gouf gebaack an Chreschtkichelcher vir den Inviteen ze schenken.
Am Numm vun hinnen all soen ech ierch Villmols Merci vir dei Chreschtfeier dei dier eis ermeiglecht hud... Feliz Navidad y un beso para todo ustedes.