Den 4 Juni war Fest vun Corpus Christi. Alt rem sou een impressionant peruanescht Fest... All Santoen an Virgen vun den verschidenen Distrikter vun Cusco kommen an den Centrum an Cathedral. Puer Deeg virdrun kommen dei eng ze Fouss bis an Cathedral, vun den Leit vun hierem Distrikt bruecht mat Musek an voller Freed. Anerer, dei vun mei weit kommen, gin eichter gefouert :)
Donneschtes as dann Corpus Christi, Plaza de Armas as voller Leit an all Santoen an Virgen sin virun der Cathedral versammelt.
Donneschtes as dann Corpus Christi, Plaza de Armas as voller Leit an all Santoen an Virgen sin virun der Cathedral versammelt.
All Paschteier vun den verschidenen Distrikter sin komm, et as een vun deenen greissten catholeschen Fester. Den ganzen Rousenkranz gett duerchgehol, an et gett gebied... Bis Santoen an Virgen een nom aneren vun hieren Leit iwer Plaza gedroen gin, begleed vun festlescher Musek an traditionellen Dänz. Dei ganz Ceremonie dauert den ganzen Daag...
Immaculada Concepcion Santa Ana
Santa Barbara San Sebastian
Santa Barbara San Sebastian
San Cristobal
San Antonio Abad San Jeronimo
No der Ceremonie, gin se all zerek an Cathedral. Hei bleiwen se all eng Woch zesummen. Leit zielen: all Santoen an Virgen schlofen an der Cathedral, sie ennerhalen sech an beschwätzen hier Ungeleenheeten. Sie tauschen sech souzesoen ennerteneen aus. Deen Donneschten dono gin se all erem zerek an hier Distriker gedroen, mat baal genau souvill Musek an Opwand wei se komm sin...