Ufank Februar hun mir en Daagesausflug organiseiert... all Mammen an Kanner aus dem Fraenhaus waren mat, mam Thalia (Praktikantin vun der Psycho) an zwou Volontärinen vun dem Area Legal, mam Mick an mir...
En Bus organiseiert an ab an den Zoo an dono Picknicken :)
Och hei vir nach eng Keier villmols Merci all deenen Leit dei en Don gemat hun... Sie haten all vill Spass an sin ierch dankbar.
En Bus organiseiert an ab an den Zoo an dono Picknicken :)
Och hei vir nach eng Keier villmols Merci all deenen Leit dei en Don gemat hun... Sie haten all vill Spass an sin ierch dankbar.
Leider as en Zoo am Peru net mat engem Zoo an Europa ze vergleichen... Deieren lierwen enner fuerchtbaren Zoustänn, mat engem minimum vun Platz oder Higiene an hieren Käfeger, ouni genug Iessen an Wasser... War keen ganz scheinen Unbleck...desst hun och Kanner an Mammen gemierkt...
Nom Zoo hun mir eis dann eng Platz gesicht vir ze Picknicken an den Recht vum Nometten ze verbrengen. Mir haten alles dabei, well Picknicken am Peru as net wei mir gewinnt sin. En grousst Kachdeppen derbei, mam Menu, Jus, an eng Wassermeloun...Telleren, Glieser vir jideren, nemen Couverten dei brauch een hei net...gett mat den Fangeren gies :)
Dono gouf sech ausgetoobt, Kanner haten eng Wipp entdeckt an eng Schaukel an Mammen hun zesummen mam Mick Fussball gespillt an hun alles gin. Souguer dei Mammen wou eichter zereckhalend sin an net ganz aktiv hun mat vollem Asaatz matgespillt. :)
Et war een scheinen Daag vir eis all, ausserhalb vum Fraenhaus an fort vun den Problemer, an vileicht konnten sie all vir deen Dag vergiessen wisou se do sin wou se sin, an geneiessen...