Natierlech huet Mamacita drop bestan dass ech deen Dag iessen kommen, schliesslech as dat net egal weieen Dag... Sou dass ech Mammendag mat menger Mamm an der Mamacita gefeiert hun :)
Den 10 Mee war Mammendag zu Cusco. Dat as vir Peruaner een immens wichtegen Dag. Baal genau sou wichteg wei Ouschteren oder Chreschtdag, woubei se oft mol net wessen weini Pappendag as... Naja....
Op allen Fall waren dei Deeg virdrun Maart, wou een all meiglech Cadoen kont kafen. Et huet mir geschenkt wei Valentinsdag an Europa...alles war rosa an roud, mat Rousen, Schokola, Teddybieren, Taarten, Bijouxen an sou weider... Vun lauter Kitsch huet et vir mech bemol nemen nach rosa an rout geschimmert ... ganz schelm...

Dann lo nach eng Keier alles guddes Mamm :) lo as jo dann och Dohem Mammendag... Decken Kuss