Zesummen mat den Mammen an den Kanner vum Sonqo Wasi waren mir, wei baal emmer, Sonndes Moies an Mass. Nemen dass dat hei eng ganz besonesch Zeremonie war. An zwar zu Saqsaywaman, engem Deel vun Cusco. Anscheinend as desst eng Platz vun besonescher Energie, vill Gleweger reesen dofir heihin. Haut um dia de la paz as hei eng Zeremonie organiseiert vir den Frieden an der ganzer Welt ze „verdeelen“ an ze feieren. Leit aus aller Welt vun allen Religiounen waren present an hun deelgehol. Verschidden Gelweger hun an hierer Sproch an an hierem Glawen geschwat, gepriedegt. Et war impressionant ze gesin vun wou dei Leit all guer komm sin an wei stark hieren Glawen as. An virun allem dass sie desst all op eng aner Maneier man an awa all zesummen.
Zum Schluss as duerch een Feier, symbolesch den Frieden an der ganzer Welt verdeelt gin. Een nom aneren sin dei verschidden Nationaliteiten an Gleweger bei Feier gang an hun den Friden mat an hiert Land gehol.
An desst alles virun der mega Kuliss vun Saqsaywaman. Wow... dat kann een sech bei eis nemen schweier enner Religioun virstellen.