Ech war mam Ana Maria, mam Dorothea (FCVE) an zwou Frendinnen vun him, mam Uthe an sengem Meedchen Daniela op mein eischten Ausflug ronderem Cusco. Een ganzen Samchten waren mir ennerwee, war ganz schein mee och immens ustrengend. Alleng schon well mir alt rem zu zevill am Taxi soutzen :) Mir waren verschidenes kuken. Q'enqo, Pukapukara eng Lama/Alpakafarm an zum Schluss nach duerch Pisaq getreppelt. Eigentlech stoung nach villes mei um Programm, wei Tambomachay an Ollantaytambo...allerdengs as dat zeitlech net dran alles an engem Dag ze man.
Et war impressionant. Villes as nach immens gudd an original erhalen aus der Inkazeit an perfekt gebaut. Pukapukara war freier soueng Art Douane.
Pisaq war impressionant mir sin 2 Stonnen nemen duerch Natur getreppelt, Bierg rop an Bierg rof. Am Ufank huet een gudd gesin wei dei Terassen ausgein hun wou sie freier drop ugebaut hun.
Iwerral huet een eng immens Aussicht, wonnerschein.
Tambomachay an Ollantaytambo huelen ech dann nach no :)
Hallo Tonie.
Wow, war elo erstaunt wei ech dech op den Fotoen am decken Schal an am Fleece gesin hun, as et wierkleg esouuuuu kaal do? As jo nach schlemmer wei bei eis hei, well elo as den Summer nees en bessen do, endleg :) Mee bon, wärt net laang unhaalen, as Fouer an sou war usech och Wierder. Ah jo, dei kriss du dest Joer jo och net mat; also ech kann dech treischten, ech fannen se net super, as emmer daat selwecht, gett alles emmer mei deier; denken dass de net vill verpasst hues an mei schein Saachen geseis elo do wou du bass, an bestemmt mei belleg wei owes op der Fouer :)
Ech fannen dain Blog super, an fir den Ufank emol guer net esou schlecht. Freet een sech emmer rem Suiten ze liesen an Fotoen ze kuken :)
Sou dann loossen ech dech nees, setzen op der Schaff an muss jo och emol en bessen eppes schaffen. Wenschen dir nach ganz vill Spaass, schein Momenter, en bessi Hetzt (haha). Bis dann emol :) Kussi
Antwort
Hinterlasse eine Antwort.
Author
Write something about yourself. No need to be fancy, just an overview.