Leschten Weekend war ech zesummen mam Ana Maria raus op den Campo, also op Feld wou seng Famil schafft. Vir dohin sin mir eng gudd Stonn getreppelt, an ganz seier waren mir weit weg vun der Stadt. Neicht mei ronderem nemen na Bierger an Natur. Leider haten mir mei wei Pesch mam Wierder...schon wou mir fortgang sin, war et zimlech speit an et huet mat reenen ungefang an ech hun mer schon geduet dass dat secher keng gudd Iddee as. Mee mir sin gang.
An et huet geschott aus Emmeren. An wei wann dat nach net duer gang wier, huet et gebletzt, gedonnert an gestiermt. Mir waren mei wei naas. Weit an breet as neicht, keen Haus oder een Ennerdach. Emmer rem hun ech gefrot wei weit as et dann nach... oh net mei weit... :) eieieiei
Den Ministere huet den Leit deenen hier Terrainen dat hei sin ennersot hei Heiser ze bauen oder soss vill mat denen Terrainen ze man. Wei och op villen aneren Platzen zu Cusco, sin hei Iwerrechter aus der Inkazeit fond gin. Lo sin iwerrall Ausgruewungen amgang vir dei ennerierdesch Maueren etc freizeleen.
Och dem Ana Maria seng Famil huet hei Terrainen. An sin dann wei dei anner Familen den Moment mam Ministere beschäftegt sech duerchzesetzen.
Irgendswann sin mir dann och wierklech bei sengen Elteren unkomm. War schon no 5 Auer. Seng Mamm war net begeeschtert dass Ana Maria mat mir an deem Wierder rauskennt, ech war plätschnaas an war zimlech kaal, an virun allem war et schon immens speit. Normalerweis gin Leit moies raus op Feld vir dass se am Nometten ferdeg sin an sech rem kennen op den Heemwee man. Et geing gleich deischter gin an mir misten jo nach zerek kommen. Mir kruten en Tei vir eis alt en bessen ze wiermen an hun eis dun mat sengen Elteren zesummen op den Heemwee gemat.
Zimlech seier war et stack deischter, nemen Feld an Bierger ronderem an mir 4 dei duercht Deischtert den Wee Heem sichen. Oh mei.... Iwer eng Ston hun mir gebraucht bis mir erem an der Zivilisatioun waren... No 7 auer waren mir rem Dohem... Seier naas Kleeder aus an eng warm Zopp giess... Wat en Dag...
As bestemt schein um Campo...hun leider net vill gesin :) Zielen ierch dann een mol mei wann ech enner mei normalen Emstänn zerek gin ;)