Gleich as Chreschtdag... och hei. Iwerrall fenken lues an lues un Butteker mat Chreschtdeko iwerfellt ze sin an Leit fenken un hier Bämmercher ze kafen an opzerichten.
Mat den Kanner hun ech lescht Woch en Adventskalenner gebastelt, dat kennen sie hei net. Sie waren begeeschtert... Sie hun geholef molen an Deeg ausschneiden vun 1-25... an mir hun zesummen geschwat wei sou en Adventskalenner funktioneiert.
Allerdengs funktioneiert dessen Adventskalener vun den Kanner an der Casita zesummen mat hierem PLang vun der Verhalensännerung... deen sech scheckt dierf Dier vum Kalenner, oder an dessem Fall Mutz vum Kleeschen eidel man. ...Muer geet et lass...
Ech hun mir Fro gestallt wei Chreschtdag hei ofleeft, gett eppes organiseiert an der Casita, feieren mir zesummen, man Mammen mat den Kanner eppes etc... Ech hun mat der Psychologin geschwat an gefrot...hat as och na relativ nei an der Fundacioun an huet direkt gemengt komm mir zwee organiseieren eppes. Super jo dat man mir...an mir hun ugefang...
Eng Lescht gemat wat musse mir organiseieren an weini, weini man mir dei Feier, wei man mir dat, gett et en papa noel, gin et Kadoen vir Kanner an Mammen, ween inviteieren mir alles... an sou weider. Wou alles ferdeg war hun mir mat den Kanner ungefang ze organiseiern, well schliesslech as et hier Feier also inviteieren sie Leit op hier Chreschtfeier...
Fleisseg hun sie Invitatiounen geschriwen an gemolt... Jiddereen huet eng perseinlech Invitatioun geschriwen, un Personal vun der Fundacioun, Frenn an Matarbeschter.
Alles klappt an leeft, Feier kann kommen... Nemmen stellt sech Fro op et meigleg waert sin den Kanner an Mammen Kadoen ze machen... Dofir as keen Budget do, an d'Idee dass Personal zesummenleet as direkt gescheitert, dat kann hei net jidereen sech sou selbstverständlech leeschten wei bei eis... Mir hun iwerluecht wei mir dat man keinten, wou mer keinten Don'en an Spenden sichen an Hellef kreien.
Heimat froen ech ierch elo vir aer Ennerstetzung, Hellef an Engagement...
Bei eis as et normal dass mir vir Chreschtdag eng Onmass vun Kadoen schenken an kreien, ennert all Chreschtbämmchen leien Keip vun Kadoen mat den Nimm vun der ganzer Famill...
Kanner an Mammen aus der Fundacioun geingen sech immens freen duerch aeren Don en scheint Chreschtdag ze erlierwen. Eis eng Chreschtfeier mat Kadoen an allem wat vir ierch zu Chreschtdag dozou geheiert.
Wann dier gaeren wellt en Deel vun desser Chreschtfeier sin an mat eis feieren dann freen mir eis iwert aeren Don...
un "Ninos de la tierra" Kontonummer: CCPL: IBAN LU75 1111 0897 7348 0000 Code BIC: CCPLLULL mam Vermierk "Chrëschtkado Sonqo Wasi"