Oficina de la fundacion Cristo Vive Peru
Hei sin Afecoten, Comptabiliteit, Directioun wei Psychologuen.
Versammlungen sin emmer hei, sierf dat Gruppenversamlungen oder Evaluatiounsversamlungen etc.
Ausserdeem schaffen hei Psychologuen, souwuel mat den Fraen an Kanner aus dem Fraenhaus, wei och mat den Männer oder Externe Fäll.
Psychologesch Betreiung as vir Leit gratis, vir dass se och eng Chance hun dovun ze profiteieren.
Mettwochs fannen och normalerweis Gruppentherapie-setzungen mat den Fraen aus dem Fraenhaus statt, wou sie och mussen drun deelhuelen.
Ausserdem as desst dei offiziell an eenzeg bekannten Adress.
casa de abuelos
Vir eis wier dat en Altersheim an Pflegeheem zeummen. Et gin souwuel nach immens gudd äler Leit dei nach immens fit sin an och an den Arbeschten vum Haus helefen. Dann gin et awa och Leit dei immens krank sin an am Bett leien an och mei Pfleg brauchen.
Een groussen Deel vun den Senioren hei huet keng Famil mei an vill vun hinnen schwetzen an verstin nemen Quechua.
Haus as sou opgedeelt dass op der enger Seit Männer an op der anerer Seit Fraen hier Zemmeren hun.
Den Moment schaffen hei och zwee deitsch Freiwelleger.
Llaquepata
Dessen Projet leit mei weit eraus vum Zentrum Cusco. Souzesoen an den Bierger, eng Provenz vun Cusco quasi. Et as een zimlecht klengt Duerf. Zwou Fraen vun der Fundacioun schaffen hei mat den Kanner. Den greissten Deel besteet aus enger Schoul. Awa geheieren och anner Sachen derzou, sou Preparatioun vum Mettegiessen an Zesummenschaffen mat den Elteren an Bewunner vum Duerf.
Och hei schaffen den Moment zwee deitsch Freiwelleger.
Samchtes owes as hei sou eng Art Musekcours vir Kanner vun Llaquepata an den Dierfer ronderem. Een Prof kent all Samchten Owend erop an leiert Kanner Gitarre, Panflute oder aner Instrumenter spillen. Instrumenter kreien Kanner vun der Fundacioun geleint, den Elteren as et meechtens net meiglech sech Instrumenter vir Kanner ze leeschten. Desst as immens flott an Kanner hun Spass, an dobei kent nach dass sech dat ganzt schon richteg gudd unheiert.
Sonqo Wasi, casa de mujeres
D'Fraenhaus wou ech dann den greissten Deel vun menger Zeit waert schaffen. Et huet Kapaziteit vir 15 Fraen opzehuelen. Wuelverstan emmer mat hieren Kanner. Den Moment sin 12 Fraen am Haus mat hieren Kanner, am ganzen den Moment 22 Kanner. Et gin Zeiten do sin et der mei an Zeiten wou et der och vill manner sin.
Fraen kennen 4-6 Meint am Fraenhaus bleiwen an sech an daer Zeit rem hiert Lierwen opbauen. Sech eng Arbescht sichen an Suen spueren oder och studieren wann dat meiglech as. Fundacioun helleft den Fraen vill vir eng Arbescht ze sichen, an och vir no der Zeit am Fraenhaus net op der Stross ze setzen.
Et gin och Fäll wou Fraen mei lang wei dei Zeit am Haus bleiwen. Dei Zeit wou Fraen schaffen gin, gin hier Kanner entweder an der Schoul oder am Fraenhaus versuergt, dess as ennerschiddlech an un den Alter vun den Kanner gebonnen. Nemen Beben huelen Mamen meechtens mat op Arbescht.
Den Openthalt am Fraenhaus kascht sie neicht, wann sie bis Suen verdengt an gespuert hun kennen sie selwer hier Hygiene Artikel oder Schoulsacehn vir Kanner kafen.
Sie kemmeren sech selwer em den Haushalt. Dorenner fällt quasi alles wat un Arbeschten an Verantwortung am Haushalt unfällt. Sie sin verantwortlech vir hier Wäsch an natierlech dei vun hieren Kanner, sie kachen an suergen vir en ausgewogent Iessen, sie spullen an haalen hier Kichen propper, souwei och hier Zemmer. Desst leeft am Roullement, sou dass emmer een aneren mat kachen oder spullen drun as.
Am Laaf vun dessem Joer, waert ech dei verschidden Platzen wuel nach besser kennenleieren an ierch emmer rem nei Sachen kennen erzielen.