Den Sonqo Wasi kritt eng Panaderia...Irgendswann an nexter Zukunft man Mamen hei Brout an waerten dat verkafen...
En zukünftegen Projet vum Sonqo Wasi besteet doran eng Panaderia, also eng Bäckerei opzemachen. Dat heescht souvill wei selwer backen an verkafen. Bis lescht Woch stoung mol nemen den Uerwen do an keen wosst richteg weini wat an wou... Ausserdem war dat Responsabelt wat sech auskennt an dat geleiert huet, Eva nach an der Vakanz...also warden mir.
Lescht Woch dann huet et geheescht: - Tonie hacemos Pan? :) - Claro que si... An ech hun mam Eva ungefang Brout ze machen...zesummen mat enger Mamm an enger neier Volontairin hun mir all Dag vun der Woch probeiert ennerschiddlecht Brout ze backen. Mir misten ausprobeieren vir weivill Miel mir weivill Brout kreien, weilang mir brauchen an natierlech dat wichtegst wei schmachen se herno ;)
Also ech kann ierch verrodden bis elo waren se all einfah immens :) An ech freen mech schon selwer mein Brout do ze kafen :)
An dann nach ...pains au chocolat zu Cusco...mmmhhhh....
An vir dei eischt Proufwoch gudd ofzeschleissen huet Eva mir dann ganz iwerraschend en Pie de manzanas vir mein Gebuertsdag geback... :) Villmols Merci Eva... Mmmhhhhh....
Dei next Woch hun mir weider probeiert... Mir hun iwerluecht weieng Zochten Brout mir machen kennen dei einfach sin, schnell gin, an Zutaten belleg bleiwen. Bis lo as nemlech den Haptproblem dass mir keng Meiglegkeeten hun mei Brout an relativ kuerzer Zeit ze machen.
Mir wousten vun Ufank un dass et verschidden Schwieregkeeten an Problemer waerten gin. Sou zum Beispil mat der Temperatur oder der Platz vum Raum. Am Haus as et zimlech kaal (wei zu Cusco iwerrall), an et as och keen richteg zouenen Raum... also kent Keelt an Fichtegkeet eran, wat et schweier mecht dass Brout schnell an richteg op goen kann. Ausserdem gin et keng Ofstellmeiglegkeeten vir mei Brout ze machen...
Vir dass et meigleg as mei Brout beieneen ze machen feelen ausser Ofstellmeiglegkeeten (Weenschen vir Plateauen) och nach aner Bäckermaterialien...Virun allem en "Uerwen" wou Brout dran kent ier et geback gett. Hei geet et mei schnell op an kann mei seier geback gin ouni dass et drechen gett.
Alles as wei gesot nach ganz am Ufank... an wei oft am Peru as plangen an organiseieren net emmer hier Stärkt... Dei wou dran schaffen hun eng anner Meenung an en annert Bild wei dei wou Entscheeden... Bleiwt ofzewarden op et meigleg waert sin dei Sachen ze kreien, op Suen do sin an wann op se dann vir dessen Projet gebraucht gin...
Bis lo war eisen leschten Versuch "Pan Wawa" ... Traditioun hei zu Cusco vir den 1. November ;) ...Muer kent Maestro, Spezialist am Uerwen, an mir backen mat him muer Paneton, vir eis as dat souvill wei Stollen...
Dann sin ech mol gespaant wei dessen Projet weider schmachen waert...