Fest vum Inti Raymi, d'Sonnenfest war deen wichtegsten Event zu der Zeit vun den Inka. Et as d'Fest vir hieren Gott, d'Sonn (Inti) ze feieren an hier Dankbarkeet duerzestellen.
Seit 1944 feieren Cusquenier desst Fest erem all Joer den 24 Juni... mat typeschen Dänz, Musek, Participanten an natierlech dem Inka.
Seit 1944 feieren Cusquenier desst Fest erem all Joer den 24 Juni... mat typeschen Dänz, Musek, Participanten an natierlech dem Inka.
Dat ganzt fenkt moies geint 9 bei Qorikancha un. Hei versammlen sech Leit all ronderem den Templo del Sol an warden op den Inka an sein Gefolleg. Den Inka stellt sech uerwen op den Tempel sengt d'Lidd vun der Sonn an bied zu hierem Gott. Dono schwetzt hien, op Quechua, zu sengem Volek. Hien fuerdert sie op zesummen mat hinnen op Plaza de Armas weiderzegoen.
Zweet Statioun "Huakaypata" also Plaza de Armas. Dänzer kommen un, all an hieren traditionellen Kleeder, den Inka gett erangedroen... Hei stellt hien sech an Mett vun der Plaza op den "Sprangbuer". Desen as den ganzen Mount Juni emgebaut, an geseit aus wei eng Inkamauer mat uerwen engem Inka.
Hei schwetzt hien mam Buergermeeschter, och op Quechua. An fuerdert duerno sein Gefoleg op mat weider op Saqsaywaman ze goen.
Hei schwetzt hien mam Buergermeeschter, och op Quechua. An fuerdert duerno sein Gefoleg op mat weider op Saqsaywaman ze goen.
Dei lescht an greisst Festlechkeet gett zu Saqsaywaman gefeiert...
Leider as et net einfach hei eng Platz ze fanenn wou een gudd geseit, eng Platz op den Tribünen as 100 Dollar...
Also gett sech op en Bierg gequetscht an mat den Turisten gestridden...
Et gouf en Podest opgericht, an di 3 Deieren vun Cusco gin rop gedroen, den Puma, den Condor an Schlang... alles as dekoreiert...
Trilogie Inka gett mat dessen 3 Deieren duergestalt, sie erzielt vun 3 Welten, 3 Niveauen.
D'Schlang vir Ennerwelt, Lierwen nom Doud, Welt vun den Doudegen.
Den Puma representeiert dei geignwärteg Welt also dei vun den Lierwegen
Den Condor als Symbol vir Iwerwelt, Götter.

Lues an lues kommen Dänzer an Musek, hannert dem Bierg erfier an op Platz vun Saqsaywaman...
Hei gett elo Ceremonia central ofgehal... Den Inka gett op Platz gedroen, et as Musek an et gett vill gedanzt....
Während der Ceremonia gett enner anerem en Feier gemat vir dass den Gott d'Sonn eis vill Hetzt an Wiermt brengt, an desser kaaler Zeit. En gin Opfer bruecht, sou hun Inka zum beispill op dessem Dag en Lama geopfert vir hierem Gott sou Merci ze soen an dofir ze bezuelen dass hien esou zuvierkommend mat hinnen as.

Als Schlussgebied freet den Inka hier Götter, d'Sonn, d'aerd an d'Bierger em Ennerstetzung, Fridden an Fortpflanzung, dass Sachen weider gudd lafen, d'Iessen vir jidereen duer geet an et keng Hongersnout mei gett...
Zum Schluss zeihen se sech all zerek sou wei se komm sin... geuerdent an der Reih no gin se danzend zereck, Ruinen rop an verschwannen hannert den Bierger... Den Inka gett lanscht sein Folek gedroen an verschwennt och hannert den Ruinen...