La psicomotricidad Den weekend war zu dessem Thema eng Formatioun vir Elteren, Profen an aner Professiounen wou mat Kanner schaffen. Den Profesor Marcelino Salinas huet Freides moies an senger Presentatioun virgestallt wat as Psychomotriciteit, wisou as se wichteg an wei kenne mir desst am Alldag mat den Kanner practizeieren. No der Theorie Freides, war dann Samchtes den Prakteschen Deel vun der Formatioun.
Zesummen mat verschidenen Mammen an Kanner waren mir dohin an hun eis dat ungekukt an matgemat. Unhand vun ganz banalen an aalbekanten Spiller huet hien gewissen wei een mat den Kanner hier Bewegung an hier Perceptioun kann traineieren.
Hei war et dann mol un den Mammen an um Personal vir ze spillen an sech rem wei en Kand ze fillen. Sou fällt et hinnen mei einfach sech an hiert Kand eranzeversetzen an desst besser ze verstoen. Speider sollen sie dess Spiller dann am Alldag mat hieren Kanner spillen. Duerch spillen leieren Kanner vill iwer hieren Kierper, seng Bewegungen an hier Perceptioun vun sech an hierer Emwelt.
Souzesoen war desst eng Erwuessenenweiderbildung. Vir ze leieren wei sie mat hieren Kanner spillen kennen, vir hinnen Ideen ze gin an ze weisen wei ganz normal Spiller den Kanner kennen esou vill beibrengen. Kanner, dei net un den virgefouerten Spiller konnten deelhuelen, hun sech allerdengs och gudd alleng amüseiert.
Dann probeieren mir dat an Zukunft mol emzesetzen wat mir op dessen Deeg geleiert hun...