Eiii... no 4 Meint dann endlech op de Machupicchu... Samchtes mam Zuch op Aguas calientes, an den Dschungel... Leider as et mam Zuch wei mam ganzen Recht hei!!!! Turisten bezuelen eppes anescht wei Peruaner oder Cusquenier, an hei nach mei schlem sie hun hieren eegenen Wagon an deem sie getrennt vun den Peruaner hier Rees untrieden. Sou war et leider dass mir zwar zu 3 Frenn op de MachuPicchu waren awa getrennt dohin gefuer sin. Duerch deen System war et net meiglech zesummen mam Aracely, eng peruanesch Frendin aus der Fundacioun wat mat eis op den Machupicchu war, am selwechten Wagon hin an zerek ze fueren. Hat as alleng an sengem Wagon gefuer an mir am Turistenwagon... deen iwregens 16x mei deier as.
Ei genial, unkomm an direkt mol an Thermen... Et huet geschott aus Eemeren, matzen am Dschungel, ennert 100 verschidenen Beem an Planzen soutzen mir an gliddeg warmen Wasser. Mhh
Sonndes Moies mam Bus erop op de MachuPicchu, Schlang vir an de Bus war enorm, an anscheiend nach neicht zu der Haptsaison. Och hei hun mir dann alt rem vill mei bezuelt wei National "Turisten". Uerwen unkomm, hun mir neicht gesin! Et huet gereent, war Niwel, alles weiss... Kann net sin, bis op den hächsten Punkt iwer eng Ston getreppelt mee alles weiss.
Deck genervt erem erof, emmer nach alles weiss... Mettes irgendswann as awa dann lues opgang an mir hun den MachuPicchu gesin, wat eng Chance...
Einfach mega schein, impressionant, an mega ustrengend.... Mengen net war dei lescht Keier :)