Ech hun mech eng Zeit net mei gemellt, sry as net emmer einfach, man mein bescht. Leider geseit meng Seit na emmer komesch aus, mee hun lo mol grad rausfond wei ech Fotoen derbeisetzen… Eieieii.
Also ech war mam Ana Maria lo schon op dei ennerschiddlechst Märt…
Vum Iessen, Uebst, Gemeis an 100 verschidden Sorten Gromperen, Medezinplanzen an Kreiden bis zu Kleeder, iwer Elektronesch Offeren wei Telen Computeren oder nemen Kabelen etc… also vun allem… Impressionant!!
Do as et net selten dass Flesch nach als ganz Deier do henkt, een Schwengskapp, en Poulet oder en Mierschwengschen geheiert derzou… an dann gett verhandelt…an dat wierklech bei allem. Souguer lierweg kritt een verschidden Deieren…an dei sin gefrot.
Oft hun sie Bekantschaften oder Frenn an gin nemen bei dei akafen.
An Preiser stin neierens, do freet een no an verhandelt mat der Mamita.