Vill vun ierch haten vir Chreschtdag en Don gemat vir den Kanner an Mammen vum Fraenhaus en Chreschtdag mat Menu an Cadoen ze ermeiglegen... Vun dessen Spenden waren nach emmer vill Suen iwereg... Seit Chreschtdag waren mir mat Helef vun dessen Spenden en Metteg mat de Kanner an de Kino, op een Dagesausflug an den Zoo mat all de Mammen an Kanner, etc...
Mee lo wollt ech de Recht nach notzen vir eppes wat och nach do as wann ech lang rem Dohem sin...
Mee lo wollt ech de Recht nach notzen vir eppes wat och nach do as wann ech lang rem Dohem sin...
An zwar hun ech fond, as et heisch Zeit gin vir eng Spillplatz bei der Casita...
Zesummen mam Leierpersonal vun der Primärschoul dei bessen iwert dem Fraenhaus leit hun ech Ideen gesammelt an den Projet op Been gestallt.
...War op Sich no aalen Pneuen, hun mech emfrot wat Strukturen vir eng Schaukel, eng Wipp an eng Rutschbahn kaschten, war Farw, Zement an Steng kafen an hun mech puer mol mat den Profen getraff....Den Direkter huet gemengt Pappen helefen mam Beton etc...an lass!!

En Sonnden dun koumen all Pappen vun den Kanner aus der Schoul, den Direkter, Afekotin vun der Fundacioun mat hierem Mann (den Chef-Chantier) an ech zesummen an hun eng Spillplatz opgebaut...
All hun se geholef de Recht Pneuen ze molen, Lächer ze gruewen an Gerüster souwei Pneuen anzebetoneieren.
All hun se geholef de Recht Pneuen ze molen, Lächer ze gruewen an Gerüster souwei Pneuen anzebetoneieren.
Souguer gett et en Zebra an eng Giraffe op der Spillplatz... wou Kanner drop soutzen ier se ferdeg waren... :) Friem Deieren zu Cusco... en Hit...
Och wann, wei ze erwarden war am Peru, villes net gelaf as wei et sollt steet lo eng Spillplatz wou virdrun nemen eng eidel Wiss war... Ech hoffen Spillplatz waert eng Zeit sou weiderbestoen, gepflegt an ausgenotzt gin...
Ech mengen am Numm vun allen Kanner vum Fraenhaus an och vun der Primärschoul kann ech all deenen Merci soen dei matgeholef hun dessen Projet op Been ze stellen... Vir vill Kanner as desst dei eicht Spillplatz op daer sie spillen, dei eicht Keier dass sie schaukelen, eng Rutschbahn rofrutschen oder wippen....
Villmols Merci vir aer Don'en wou dier virun puer Meint gemat hudd, souvill mei wei nemen Chreschtdag hudd dier domat ennerstetzt an meigleg gemat...
Villmols Merci
Villmols Merci vir aer Don'en wou dier virun puer Meint gemat hudd, souvill mei wei nemen Chreschtdag hudd dier domat ennerstetzt an meigleg gemat...
Villmols Merci