En klengen Trip an den Dschungel dierf net feelen... Also bis op Puerto Maldonado...
Mam Boot bis an Loodge, ouni Netz, Stroum, Tele, internet an waarmt Wasser geet et lo weider :)
Mam Boot bis an Loodge, ouni Netz, Stroum, Tele, internet an waarmt Wasser geet et lo weider :)
Mir waren op Isla de los monos, Nuets mam Boot op Sich no Caimanen, moies frei duerch den deiwel Bulli wanderen bis op en verstoppten Sei, hun Villercher an weideres gesin, op der Nuetswanderung Fräschen, Tarantelen, Riesenameisen en Skorpioun an eng Schlang fond. Iwer Cola de mono vun Baam zu Baam geflun, iwer Hängebreck geschlach vir eng mega vue iwer de Floss, Kayak fueren an Piranias feschen...
All gesechert, an lass Richtung Hängebreck, ech well net wessen weivill Meter iwer dem Buerdem... eieiei an prett vir wei en Aaf vun Baam zu Baam ze fleien :p
Wat en Abenteuer, an wei einfach et dach awa as ouni Stroum an Internet kenenn ze lierwen, an wei seier mir dat an eisem Alldag vergiessen...