Virun 2 Wochen war ech mam Idalia, der Affekotin, an senger Famill op Quillabamba, an den Dschungel... dat hescht endlech war et vir 2 Deeg warm :)
Um Wee op Quillabamba waren mir zu Santa Teresa nach an Thermen... Mmmhhh... herrlech, an mega schein, Termen matzen an der Natur, teschend den Bierger an der ganzer Vegetatioun :)
Quillabamba as en klengt Duerf, net onbedengt turistesch, mee ganz schein... Hei sin mir bessen getreppelt an sie hun mir alles gewisen :) Dem Idalia sein Mann huet hei puer Joer geschafft an kennt Duerf auswenneg ;)
Vun Quillabamba kommen de greisstendeel vun den. Hei gin virun allem Citrusfriichten gezicht, wei Orangen, Mandarinen, Papaya an sou weider :)
Wou mir do waren, war grad Saison vun den Mandarinen an Orangen, dat as absolut keen Verglach mat Dohem, an och net onbedengt mat Cusco...
Wou mir do waren, war grad Saison vun den Mandarinen an Orangen, dat as absolut keen Verglach mat Dohem, an och net onbedengt mat Cusco...
Mir waren an sou eng Art Zoo. Mir geingen dat eichter Deierenquälerei nennen wei Zoo!!! Ganz schlemm. Et war sou knaschteg, an Deieren haten manner wei keng Platz ... War vir ze kreischen :(
Sou een Weekend kann ganz schein kuerz sin. Mir waren na kuerz an Schwemm eis ofkillen, an di lescht Wiermt geneissen ier mer eis op den Reckwee op Cusco gemat hun.
Villmols Merci Idalia ;) war een scheinen Weekend
Villmols Merci Idalia ;) war een scheinen Weekend