Leschten Weekend waren mir zu puer vun der Fundacioun an selva vir een Workshop mat den Elteren vun Patria ze man.
Patria as een klengt Duerf, 6 Stonnen vun Cusco eweg an der selva, am Dschungel.
Awunner haten bei der Fundacioun em Hellef em Ennerstetzung gefrot vir hinnen bei hieren sozialen an kulturellen Problemer ze helefen.
Gewalt an der Famill as een Haptproblem. Meechtens wunnt eng ganz Famill op immens klengem Raum, oft engem Zemmer zesummen.
Mat der Puberteit fenken dei meecht un ze experimenteieren, an dat ouni dei richteg Opklärung kritt ze hun, wouraus schleisst dass desst Joer schon mei wei een 13/14 jähregt Meedchen sein eegend Kand erward.
Drogenproduktioun an -handel as en weideren Problem an desser Geigend. Vill Cocafelder, an Drogenatelieren wou dei Jonk no der Schoul matman vir Suen ze verdengen.
Elteren wessen sech oft net ze helefen, meechtens well hinnen dei neideg Kenntnisser oder Methoden fehlen. An heiansdo vielleicht och well se den Problem net gesin oder net wellen gesin.
Sou hun Awunner vun Patria d'Fundacioun em Ennerstetzung gefrot vir dei Problematik unzegoen.
Fundacioun huet 5 Workshopen organiseiert vir zesummen mat den Elteren ennerschiddlech an noutwendeg Themen ze bearbeschten.
Desst war deen 3ten Workshop, mam Thema „buen trato“. Ech war mat enger Psychologin an der Responsabel vum Fraenhaus dohin.
Hei hun Elteren mei Infoen kritt weieng dei richteg Maneier as vir an der Famill an mat hieren Kanner emzegoen. Wourop sie oppassen sollen an wat wichteg as, hun sie unhand vun Theorie an Praxis konnten gesin an beileieren. Aner Themen sin zum Beispill Sexualiteit an wei sie hieren Kanner desst verständlech erklaeren kennen an hieren Kierper kennenleieren oder d'Rechter vun den Kanner, an Elteren. Et as esou opgebaut dass et op Problematik passt.
Elteren wenschen sech weider Ennerstetzung virun allem och dass Psychologuen keimen vir mat den Kanner an Jonken zesummen ze schaffen. Vir dei graveierend Problemer opzeschaffen an leieren ze verarbeschten.
Fundacioun probeiert doropshin een Finanzemend ze fannen vir een weideren Projet opzestellen. Sou wier et eventuel meigleg dei Jonk weider ze ennerstetzen. Bis elo as leider na net gewosst wei.
Nom Workshop haten mir dann awa och bessen Freizeit vir eis den Dschungel unzekuken. Mam padre aus dem Duerf nierwendrun sin mir mam Pick-up en bessen mei an den Dschungel erangefuer. Iwerrall nemen exotesch Planzen an Beem, an alles as greng. Immens schein, an immens warm. Mir waren op eng Platz kuken wou grad nei Heiser gebaut gin. Leider waren mir speit un an konnten net mei weit eran fueren an hun dofir och keng Deieren gesin, ausser Insekten, an dei waren net grad kleng...
Vielleit bei der nexter Visit... :)
|