Am Abrell war deen eichten Taller, an ech war zesummen mat der Direktesch, enger Psychologin an enger weiderer Matarbeschterin vun der Fundacioun dohin...
Als eicht waren mir op Patria. Wei schon dei lescht Keieren war Samchtes moies den eichten Taller, an wei dei lescht Keieren schon waren och vir dess Taller vill Elteren present.
Am eichten Workshop wollten mir vun den Elteren selwer wessen wat sie sech vun eiser Helef erwarden, wat sie brauchen oder wellen.
Thema vun desser Taller war also rauszefannen wat vir sie Valeuren sin, weieng sie kennen, weieng sie vun hieren Virfahren kennen an kruten, an weieng sie un hier Kanner weidergin, ausserdem och weieng Valeuren an hierem Duerf gellen an wichteg sin.
Sie hun all gudd matgemat, iwer Thema nogeduet opgeschriwen, an zu all Valeur en klengt Stek virgefouert.

Nom Taller zu Patria haten mir en bessen Zeit, währenddems Psychologin an Eenzeltherapie war. Do waren mir en Cocal beischen :) Dat war schon zimlech impressionant, virun allem well et net ausgeseit wei Coca wann een lanschtgeet. Et as keen geuerdernt Feld wei mir dat kennen vun Vengerten op der Musel... Mee Cocabeem stin well duercherneen, Blieder vun verschidenen Greissten, Formen an ennerschiddlechen grengen Farwen. An fresch schmachen Bleider ganz anescht wei gedreschent. Een vun den Profen war mat eis an huet eis erklaert, wei sie Blieder ansammelen an se vir ze dreschnen mathuelen. Hien erklaert och dass et vill Drogenhandel hei gett, wei mir schon wossten. An dass Leit hier Coca oft leiwer un Cocainhandler verkafen wei hier Cocablieder um normalen legalen Handel ze verkafen, sou verdengen sie mei wei dat duebelt vir hier Coca, dat an engem Duerf wou Leit net vill hun an mechtens ganz Famil an engem Zemmer wunnt...
Sonndes Moies as et schon weider gang, op Paucartambo. En klengt, leift Duerf teschend Patria an Cusco an den Bierger. Hei schwetzen dei mescht Leit nach Quechua an hier Lierwensart an -weis as nach immens primitiv.
Hei sollten mir mat den Elteren vun den Spillschoulen an Primärschoulen zesummen schaffen. An dat an nemen 4 Deeg. Unzuel vun den Elteren an all Taller war heisch, teschend 190 an 400 Elteren pro Workshop... Mee Stemmung war gudd, wan och unstrengend an mir kruten während eisem gesamten Openthalt emmer rem gesot wei frou sie all sin dass mir dei Talleren halen kommen an Eenzeltherapie unbidden.
Psychologesch Helef as hei an dessem Duerf, wei och zu Patria, onbedengt noutwendeg an net zougänglech...an daer kuerzer Zeit wou mir hei waren huet Psychologin probeiert souvill Fäll wei meiglech unzehuelen an ze bearbeschten, an huet oft bis speit owes Leit ungehol mee desst geet net duer een mol all puer Meint.
Hoffentlech waert dat aenneren an der nächster Zeit...

Talleren zu Paucartambo waren dei selwecht wei schon zu Patria, an den Message war kloer weieng Themen sie behandelen wellen, wou hier Problemer leien an wou sie Hellef brauchen an wellen.
Alkoholismus, Drogen, Gewalt, Sexualiteit bei Mannerjähregen, etc...
Sou dass dat dei Themen sin dei waerten an den nächsten Talleren behandelt gin.
Sou dass dat dei Themen sin dei waerten an den nächsten Talleren behandelt gin.
Dei next Taller fent elo Enn Juni statt. Hoffentlech en bessen besser struktureiert an opgedeelt. Dass net mei eng Psychologin mat souvill Problemer alleng dohiner gescheckt gett. Mee dass se dei ganz Rees an Workshops besser organiseieren an opdeelen... Hoffentlech leieren sie mat der Zeit wei een dei Openthalter zu Patria an zu Paucartambo keint verbesseren...
Den Padre vun Paucartambo huet eis emmer herzlech an sengem Dohem opgehol, an eis mat warmem Kaffi an leckeren Brout vun Paucartambo versuercht...
Villmols Merci :)
Villmols Merci :)