Zesummen mat den Kanner an Mammen vun der Casita waren mir de Weekend op en Ausflug... Vir dass sie och mol aus dem Fraenhaus erauskommen, sech amüseieren an un anner Sachen denken...
Als eicht waren mir bei den "Templo de la luna", den Tempel vum Mound.
Anscheinend wann een do rem raus geet huet een all seng Suergen, Problemer an schlecht Gedanken dogeloss, an et geet een onbeschweiert rem raus... klengt jo mol op alle Fall schein.
Anscheinend wann een do rem raus geet huet een all seng Suergen, Problemer an schlecht Gedanken dogeloss, an et geet een onbeschweiert rem raus... klengt jo mol op alle Fall schein.
Ausserhalb vun der Stadt, as et emmer wonnerschein treppelen ze goen, iwerrall Bierger, Felder an grengs (zu desser Joereszeit) an irgendswou am Hannergrond weit eweg leit Stadt.... An dat hei war dobei dann och mol eng Destinatioun wou neicht kascht huet... zur Ofwieslung..
Beim "Templo de los monos" den Tempel vun den Aafen, hun mir Picknickt... Desst as wei ech ierch schon soot, net wei wann mir Picknicken ginn, mee do gett dat ganzt Deppen mam Iessen matgeschleeft... Telleren, Couverten, Becheren an en Eemer "Refresco", also Erfreschungsdrink... Pfff mir waren all frou vir de Wee nom Iessen, mat manner Gewicht ze treppelen...
Vill vun hinnen hun dei Geigend selwer nach net kannt, och wann se villeicht vun hei sin, an wann et imens nobei vum Fraenhaus leit...
Mir sin bis bei de Cristo Blanco getreppelt, an no 5 Stonnen mat vill Sonn an Gepäck waren mir endlech rem an der Casita...
Mir sin bis bei de Cristo Blanco getreppelt, an no 5 Stonnen mat vill Sonn an Gepäck waren mir endlech rem an der Casita...